Iwwert eis
Den Appel vum 8. Oktober 1948
“Jong Letzebuerger vun alle beruffer an aus alle ge’genden vum land hun sech zesumme gedoen, fir an desen zeite vu politeschem durchernén de wé ze sichen, dén de letzeburger jonktem ènger ëmmer gre’sserer freihét entge’ntgoe wëllt.
No enger e’schter versammlong, dé de 14. Juni 1948 de grondstén zur neier organisatio’n geluegt huet, hun sech e sonndeg, den 19. September 1948, d’delegéerte vum ganze land an der Stâd zesummefond, fir d’statuten an de programm vum neigegrönnte Groupement de la JEUNESSE DEMOCRATIQUE Luxembourgeoise definitiv festzeléen.
Mir wëllen net me’sseg do stoen an èngem moment, wo’ an onsem land an iwerall an der welt d’begröffer sech nei ze formen ufänken. Mir wellen dénen net recht gin, de’ behâpten, de’ modern jong leidd hätte kèng idealer me’ a kèng begéschterong fir nobel idien. Mir wëllen am ge’gendél derzo’ beidroen, eso’ weit et an onser Kraft stét, dem jonktem, onsem land an der ménschhét ze dingen.
Eso’ wé mir ons a voller perse’nlecher onofhängegkét zesummefond hun, so’ wëlle mir der freihét vom mënsch all affer brengen. Onst bestriéwen ass et, de’ jong leidd aus alle schichte vun onsem vollek a bridderlecher énegkét zesummezefe’ren, fir datt se a ge’genseitegemm respect, op hirer plâz, derzo’ beidroe kënnen, der existenz vu jidder mensch e sënn an en zweck ze gin. Am selwechte géscht wëlle mir och en zesummengoen vun de natio’nenënnert sech mat all onse mëttelen ennerstetzen.
Mir e’eren d’religiei’s traditio’ne vun onsem land an d’philosophesch iwerzégong vun alle Letzeburger a mir halen se eso’ he’ch, datt mir se net matt den diskussio’nen iwer alldéglech suergen zesummengeheie wëllen.
Batter Zeiten hun ons gele’ert, datt de mënsch nëmmen an der freihét sech voll entwéckele kann. Mir stellen ons énergesch ge’nt all totalitär bestriéwungen zur wier, op se vu rechts oder vu lénks kommen. Mir hun dofir dat wuert democratesch – o’ni ons de monopol vun der démocratie zo’zemossen – mam numm vun onser verénegong verschmolt. Mir wëllen domtt weisen, datt mir an der absoluter verdédegong vun den democratesche prinzipien onst hext missio’n gesin. Mir sin iwwerzégt, datt et nëmmen ënner e’erlecher a loyaler unerkennong vun den democratesche Grondsätz mé’glech ass, alle Letzebuerger am géscht vum soziale fortschrëtt e liéwenswert liewen ze garate’eren. Sozial gerechtgkét ass an onsen âen keng justificatio’n vun der lidderegkét. Sozial gerechtegkét bestét awer grad eso’ we’neg dodran, datt énzel Klassen de’ âner exploite’eren dierften.
Ons activite’te erstrëckt sech op all aktuell froen, de’ de letzeburger jonktem a, d’land iwwerhapt interesse’eren. Mir wëllen net a gleichgölteger stommsënnegkét d’schwieregkéten un ons erlaanscht ze’e lôssen, mé am ge’gendél activ un hirer le’song mattschaffen. Vu fall zu fall wëlle mir ons ménong soen, o’ni e blat virun de mond ze huelen, an o’ni vu virewech gebonnen ze sin. Mir lôssen ons énzeg an éleng vun de prinzipien vun der democratie a vum striéwen nom allgemènge wuel léden.
Mir wennen ons un all jong Letzeburger dé berét sin, matt ons fir freihét vum mënsch a vun der politik anzetriéden. Bei dénen extréme politesche bewegongen ass et de gebrauch, datt d’unhänger a blaner zo’stemmong de’ é fir allemol vun uewen erof festgeluegt doktrin o’ni diskussio’n unerkenne mussen. Mir wëllen emgeke’ert vun den allgemèngen interessen ausgoen an eso’ ons richtlinnegen selwer opstellen, de’ mer dann a voller freihét anhalen wëllen. Net de mënsch soll ènger doktrin dingen, mé d’politik muss dem mënsch an senger freier perse’nlechkét ënnerdoe sin.