Am Februar ass an Holland e Gesetz gestëmmt ginn, wat all Bierger ab 18 Joer automatesch als Organspender ugesäit, et sief dës Persoun hätt et zu Liefzäiten ausdrécklech refuséiert.
Zu Lëtzebuerg stinn an der Moyenne 65 Leit pro Joer op enger Waardelëscht an hoffen op eng Organtransplantatioun – en Agrëff deen dacks liewensnoutwenneg ass. 2017 sinn zu Lëtzebuerg awer nëmmen 32 Organer vun 9 Leit gespent...